Delphine Prüm
Psychothérapeute
Tél.: (+352) 691 100 170 | E-Mail:

D'Thérapie

Firwat geet ee bei e Psychotherapeut?

Fir datt et engem besser geet!

Op der Universitéit, hunn ech geléiert wéi een de Leit déi leiden hëllefe kann ze kämpfen, an zwar wierksam géint alles wat si net gären hunn a wat si drun hënnert hiert Liewen ausgefëllt ze liewen.

Meng perséinlech Liewenserfarung huet mir erméiglecht, ze verstoen datt d'Leiden een Deel vun eis all ass, an datt et sënnlos ass ze hoffen et lass ze ginn. An dësem Sënn hunn déi Hären Hayes, Strosahl an Wilson am Joer 1999 d'Acceptance and Commitment Therapy (ACT) entwéckelt. De Prinzip hannert dëser Method seet eis: Wat mir méi géint dat kämpfen, wat eis Wéi deet, ëmsou méi rappe mir eis vun deem lass, wat eis am Liewen wichteg ass, an soumat leide mir ëmmer méi. Mir spieren eis ëmmer méi gequëtscht, an erkennen eis selwer net méi erëm. Mir hu keng Energie méi fir a Richtung vun deem ze goen wat eis esou wichteg ass: déi aner Leit ronderëm eis, d'Aarbecht, eis perséinlech Entwécklung, eis Fräizäit.

Wier et deemno net interessant ze léieren manner ze kämpfen fir méi Fräiraum ze hunn fir Saachen ze maachen déi eis d'Méiglechkeet ginn eist Liewen ausgefëllt ze liewen. Géinge mir net esou méi zu der Persoun ginn, déi mir eigentlech wëlle sinn?

Säit dem ech mat der ACT Method schaffen, hunn ech gemierkt datt meng Clienten, mat e bëssen Hëllef (erëm) léieren hiert Liewen erfëllt ze liewen, an dat trotz all deene Schwieregkeeten déi sech hinnen an de Wee stellen.

Ech bidden Iech eng Eenzel Therapie un, déi un är perséinlech Bedierfnesser adaptéiert ass. No ärer Wiel, schwätze mir da Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch. D'Séancen ginn äre Disponibilitéite no festgeluecht an daueren 50 Minutten.

Fir all weider Fro, kontaktéiert mech ënnert der Nummer: (+352) 691 100 170