Delphine Prüm
Psychothérapeute
Tél.: (+352) 691 100 170 | E-Mail:

Accueil

Dir frot Iech op eng Psychotherapie Iech weider hëllefe géing?

Dir hutt Ängschten, sidd traureg, depriméiert, gestresst oder et feelt Iech u Selbstvertrauen? Villäicht wiisst Iech am Moment alles iwwert de Kapp, Dir spiert Iech iwwerfuerdert an et feelt Iech un Energie fir no vir ze goen. Dir hutt d'Gefill ni genuch ze maachen, et bleift Iech keng Zäit fir Iech selwer oder déi Leit an Aktivitéiten, déi Dir gären hutt.

Dir denkt, dass Dir ënnert enger Phobie, enger Depressioun, engem Burn Out, méi Panikattacken oder Zwäng, oder Stress leide musst? Dir sidd oft onzefridden ouni ze wëssen wisou, an Dir sidd net glécklech. Des Lëscht ka ganz laang sinn!

Wann Dir zënter kuerzem oder scho méi laang mat Gefiller oder Gedanken ze kämpfen hutt, déi iech wéi dinn, an déi Iech drun hënneren äert Liewe ganz ze liewen, a wann Dir gären hätt dass dat sech ännert, dann entscheet Iech fir eng Psychotherapie!

Ech kann Iech hëllefen!

Wann Dir äert Liewen gären an d'Hand huele wëllt, empfänken ech Iech mat vill Häerzlechkeet, Versteesdemech, Matgefill an Respekt. Mir huelen eis Zäit fir zesummen ze kucken wat Iech drun hënnert am Liewen besser virun ze goen, an entwéckelen zesummen nei Kompetenzen déi iech hëllefen d'Fräiheet erëm ze fannen fir är Zukunft ze gestalten trotz all de Schwieregkeeten déi d'Liewen eis matbréngt.

Ech proposéieren Iech eng individuell Prise en Charge fir Erwuessener. D'Method déi ech dofir benotzen ass d'ACT, déi op deenen neisten Erkenntnisser aus der Verhalens- a Kognitivtherapie baséiert. D'Séancen sinn op Rendez-vous, an daueren 50 Minutten. Meng Praxis ass am Zentrum vun der Staat Lëtzebuerg. D'Gebai huet eng diskret Entrée an ass séier an einfach ze fannen.

Delphine Prüm

Delphine Prüm
Prüm Delphine
25, boulevard Prince Henri
L-1724 Luxembourg
Tél : (+352) 691 100 170
psycho@dprum.lu